Legaliséiert Déierenquälerei 😡



Et geet duer mat der Déierenquälerei !!! Wann d‘Déieren mussen dout gemeet ginn , dann mussen sie net nach Deeglaang ouni Waasser oder Fudder an Camionen dausende Kilometeren ronderëm duerch ganz Europa gefouert ginn an dëst just aus Profitgier !!!

Elei geet et just nach em Subsiden , respektiv wou mat der TVA gespillt gëtt fir !!!

Et geet duer mat der Déierenquälerei !!!

Gëschter Owend kruten mir ugeruff dass een Schwengstransporter vollgelueden géing bei Schengen stoen ! Mir sinn direkt op d‘Plaz gefuer an hunn och d‘Police geruff déi dat ganzt kontrolléiert huet !

De Camion kënnt aus Portugal , d‘Zuchmachinn ass aus Rumänien, den Unhänger kënnt aus Holland an d‘Schwäin aus Frankräich an sie ginn an Däitschland bei een aneren Transporteur gefouert !!!


Do geet den Zirkus dann erëm vun vir un !

Dëst ass awer alles legal laut EU 🤦‍♂️ !

Do kann een nëmmen staunen , an déi Déieren mussen Deeglang ronderëm transportéiert ginn fir dass richteg Geld gemeet gëtt an dëst zum Leed vun dësen aarme Kreaturen !

Déieren wann se mussen geschluecht ginn , dann soll dat an engem Radius vun maximal 100 Kilometer geschéien !

Awer wéi gesoot “ Money rules the World “

Mir brauchen een eenheetlecht Europäescht Déierenschutzgesetz !

An mir brauchen Politiker déi sech fir ons Déieren an net fir d’Lobbyen ansetzen !



© 2018 by danielfreres.lu