Legaliséiert Congéesdeeg fir onsen Déieren ze hëllefen !



Mir brauchen zu Lëtzebuerg zwee supplementär Congéedeeg fir ons kënnen em ons Hausdéieren ze këmmeren, wann si krank sinn oder wann sie musse bei de Veterinär fir eng Kontroll oder hir Impfungen, déi am Joer uleien!

Laut onsem aktuellen Déiereschutzgesetz a laut dem Projet vun deem neien Déiereschutzgesetz si mir verpflicht ons em d’ Wuel vun onseren Déieren ze këmmeren, wann si krank sinn!

Soss ass et esouguer laut Gesetz strofbar!

Dat heescht bis zu dräi Joer Prisong oder 200.000 Euro Geldstrof esou laut dem Projet vun dem neien Déierenschutzgesetz !

Also fuerdere mir vu GIVE US A VOICE LËTZEBUERG , mindestens zwee offiziell Congésdeeg am Joer , fir dass mir ons em eis Déieren këmmeren kënnen !

Dëst natierlech mat Averständnis vum Patron.

An et kann een dëst och als extraordinär Feierdeeg ugesinn, sou dass et um Patron ass ze décidéieren, op et bezuelt gëtt oder net.

Falls een dës Congésdeeg an Usproch hëllt, muss ee selbstverständlech een detailléierten Certificat vum Déierendokter virleeën!

An Italien ass esouguer esou een Fall um Gericht jugéiert ginn an dës Dame huet laut Gericht zwee Deeg zougesprach kritt fir sech em hieren Mupp ze këmmeren !

Daniel Frères

http://la-femme-qui-marche.fr/vu-et-entendu/2-jours-de-conge-pour-soigner-son-chien-malade

© 2018 by danielfreres.lu