
-Firwat hunn mir eng Hondssteier ?
-Just wéinst Plastikstuten déi vun de Gemengen opgehaangen ginn, an dëst mat enger Valeur vun engem maximum 100-300 Euro pro Mount !
-En plus gëtt näischt oder wéineg gemaach fir ons Muppen,an deem Sënn dass et bal keng Muppewisen oder Lafwisen gëtt fir ons Deieren !
-An deenen meeschten Gemengen muss een tëschent 35 an 50 Euro pro Joer bezuelen !
Elei een klengt Beispill vun e puer Gemengen , wat do fir Suen an d'Gemengekeesen kommen mat der Hondssteier !!!
-Dat heescht eng Gemeng wei Stad Lëtzebuerg huet +/- 6802 Muppen ugemellt mat 40 Euro gëtt dat Summa Summarum 272080 Euro
-Diddeleng mat 2752 Muppen mat 35 Euro gëtt een Montant vun 96320 Euro
-Esch 1587 Muppen mol 50 Euro = 79350 Euro
-Déifferdeng mat 2041 Muppen mol 40 Euro = 81640 Euro
-Réimech mat 210 Muppen mol 45 Euro = 9450 Euro
etc etc etc etc etc etc etc
Dat sinn ganz vill Suen déi awer net zum Wuel vun den Deieren agesat ginn !
Also eng Hondssteier soll eemoleg sinn an dat wann den Hond déi éischten kéier an der Gemeng registréiert gëtt !