Iwwert den Daniel Frères

Den Daniel Frères huet seng politesch Karriäre mat engem erfollegräiche Kommunalwahlkampf gestart. Aus dem Stand huet den 50-Järege bei der Kommunalwahl fir d’Piratepartei 2.045 Stemme geholl an ass domat an de Gemengerot agezunn. Hien lieft an enger Partnerschaft an huet eng 22-järeg Duechter, déi zu Bréissel studéiert. Den Daniel Frères lieft a schafft zu Réimech.

 

Den Unternehmer ass en landeswäit bekannten Déiereschützer an huet doheem 29 Déieren, dorënner eng Kou, en Päerd, dräi Ponyen, dräi Ieselen sou wei Hënn a Katzen. Hien ass den Motor vun der Déiereschutzorganisatioun „Give us a Voice“, an dierf sech zurecht als „Papp vum neien Déiereschutzgesetz“ bezeechnen. Well hie war den Initiator vun der Petitioun fir dat neit Déiereschutzgesetz.

 

Déiereschutz ass awer bei wäitem net alles. Et gëtt vill Beréierungspunkte mat der nationaler Politik. Säit jeehier war hien Beobachter an Begleeder vun der nationaler Politik. Als en Mann mat engem Ouer an der Bevëlkerung, kennt hien d’Suergen an Neit vun den Lëtzebuerger. Den Frères gëllt als Immobilienhändler an Déiereschützer natierlech an der Wunnengsbaupolitik an am Déiereschutz als Fachmann. Genausou ass hien a Saache Mobilitéitspolitik doheem.

 

2017 gouf den Daniel Frères zum Vize-President vun der Piratepartei gewielt. Um Kongress gouf hien direkt hannert dem Partei-Chef Sven Clement ob Lescht fir d’Nationalwahle gesat. Den Entschloss sech der Piratepartei unzeschléisse koum, well fir hien des Partei him fir seng Politik den néidege Fräiraum gëtt.

Lescht Neiegkeeten

© 2018 by danielfreres.lu