"Ech ginn den Déieren eng Stemm an der Politik.

Ech sinn 

ären Kandidat

awer och den

vun den Déieren."

Mir brauchen eng kreativ an konstruktiv Politik fir Lëtzebuerg, déi op Fakten an Problemer baséiert. Dofir stinn ech! Ech wëll eppes fir d’Bierger an d’Geschäftsleit am Osten maachen. Wëll upaken, eppes fir d’Mënschen an mengem Wahlbezierk erreechen. Ech wëll d’Äerm eropstrëppen an keng kleng Politik am Kostüm maachen. Effethascherei läit mir net.

Natierlech steet d’Politik fir d’Mënschen am Osten am Virdergrond, et dierf een awer dobäi net vergiessen, och den Déieren géigeniwwer Mënschlech ze sinn.

 

Als engagéierten Déiereschützer an Grënner vun der Déiereschutzorganisatioun „Give us a Voice“ setzen ech mech natierlech och mat aller Kraaft fir d’Rechter an d'Wuelergoen vun den Déieren an.

Politik fir Mënsch an Déier bedeit déi national Politik genee ze beobachten an ze begleeden. Als en Mann, deen säin Ouer an der Bevëlkerung huet, kennen ech vill Suergen vum „klengen Mann“. Als en Mann, den all Dag mam Leed vun Déieren konfrontéiert gëtt, kennen ech di gesetzlech Lücken. Genau des Suergen an Leed wäert meng Politik an mäin Handelen bestëmmen.

D’Piratepartei gëtt mir den Fräiraum, den ech an den politeschen Diskussiounen brauch. Hei ënnerleit een kengem politeschen Zwang, wie an aneren Parteien. Wann et em d’Zukunft vun Lëtzebuerg geet, dierf et keen Denkverbuet ginn.

 

Lescht Neiegkeeten

© 2018 by danielfreres.lu